
De Weltmeeschter Sébastien Ogier huet bei der Rallye-Kenia e grousse Schratt a Richtung Titelverdeedegung gemaach. Méiglech gouf dat duerch ee laangen Otem an eng staark Ophueljuegd vum Fransous, e Sonndeg war d’Victoire perfekt: No 18 Wäertunge louch den Ogier knapp 22 Sekonne viru sengem Toyota-Markekolleeg Takamoto Katsuta aus Japan. Den Ott Tänak (Hyundai) hat als Drëtten iwwer eng Minutt Retard.
Schonn e Freideg hat et net méi no enger Victoire vum Ogier ausgesinn. Säin Toyota huet Ueleg verluer an doduerch huet hien iwwer 2 Minutte verluer. Bis e Samschdeg den Owend huet den Ogier sech awer nees op déi drëtte Plaz no vir geschafft. De Weekend iwwer hat de Weltmeeschter keng Problemer méi, eng ganz Partie Konkurrente sinn op der schwéierer Kräsi-Rallye dogéint aus- oder zeréckgefall.
E Sonndeg de Moien huet och den Thierry Neuville missen
opginn, hie louch deen Ament a Féierung.
No sechs vun zwielef Rallyë läit den Ogier mat elo 133 Punkten un der Spëtzt, Evans (99) an Neuville (77) hu schonn een däitleche Retard.
D’"Safari Rallye” an Ostafrika gëllt als eng vun den häertste weltwäit.