
De Fransous Sébastien Ogier ass fir d’siwente Kéier Rallye-Weltmeeschter. De 36 Joer alen Toyota-Pilot huet e Sonndeg dee siwenten a leschte WM-Laf zu Monza an Italien gewonnen an ass doduerch am General nach laanscht säi brittesche Markekolleeg Elvyn Evans gezunn, dee samschdes seng Chancen op den Titel ewechgeheit hat, nodeems en an enger mat Schnéi-bedeckter Kéier vun der Strooss ofkomm war an en Hiwwel erofgerutscht war. Soumat konnt hien net weider fueren a säi Punktevirsprong net verdeedegen.
Fir den Ogier war et déi 49. Victoire bei engem Rallye vun der WRC.
No véier Titele mat Volkswagen (2013-2016) an zwee fir Ford (2017, 2018) ass den Ogier mam aktuellen Titelgewënn nom Finn Juha Kankkunen deen zweete Pilot, dee fir dräi Konstrukteuren den Titel gewanne konnt.
Den Ogier läit elo nach zwee Titelen hannert dem Rekordgewënner Sébastien Loeb. D’lescht Joer hat den Est Ott Tänak am Toyota d’Rallye-WM gewonnen.
Ob hien de Rekord vum Sébastien Loeb nach knacke wäert, steet nach an de Stären. Eigentlech sollt d’Saison 2020 seng Lescht sinn... nodeems duerch d’Corona-Pandemie awer net all d’Rallyë gefuer konnte ginn, huet hie säi Kontrakt bei Toyota nach emol verlängert ëm 1 Joer, well hie seng Karriär net no sou enger Saison wollt ofschléissen.