
Vun 2026 bis 2030 sinn et dann déi Hiersteller, déi Motoren respektiv déi sougenannten Power Unit, ënnert den neie Reglementer an der Formel 1, baue wäerten.
Och vun 2026 u gëtt nach ëmmer mat V6-Motoren gefuer. Déi Power Unit wäert eng Augmentatioun vum Asaz vun der elektrescher Energie ëm 50 Prozent beinhalten, an et wäert mat 100 prozenteg-nohaltegem Bensinn an der Kinneksklass vum Automobilsport gefuer ginn.