Porsche SupercupSéieren an erfollegräiche Weekend vum Dylan Pereira zu Spielberg

RTL Lëtzebuerg
Esouwuel am Tour de France wéi och am Porsche Supercup stoung de Sonndeg e Lëtzebuerger op der héchster Plaz um Podium.

Dylan Pereira no Victoire zu Spielberg

Den 10. Juli schéngt den Dag vun de Lëtzebuerger Sportler ze sinn. Virun 5 Joer huet de Gilles Muller am Tennis an deem epesche Match zu Wimbledon géint de Rafael Nadal gewonnen.

E Sonndeg war et dunn am Tour de France eng ganz grouss Nummer vum Bob Jungels mat enger memorabeler Etappevictoire. Um nämmlechten Dag stoung den Dylan Pereira um Red Bull Ring am Virfeld vum Formel-1-Grand-Prix an Éisträich am Porsche Super Cup, ganz uewen um Podium. Dee Circuit schéngt dem Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer gutt ze leien.

Den Dylan Pereira huet net nëmme säin éischte Podium zu Spielberg an där Serie gefeiert, ma den 25 Joer ale Pilot war virun zwee Joer direkt véier Mol dee Séiersten op där Streck, 3 Mol am däitschen Carrera Cup an eemol am Supercup. E Sonndeg war den Dylan Pereira nees dee Séiersten.

Spielberg, e Circuit, dee mer gutt läit, ëmmer gutt Erënnerungen, motivéiert ëmmer, gëtt der ëmmer gutt Selbstvertrauen, well s de da weess, datt s de do schnell bass.

Elo de Weekend war den Dylan Pereira bei all Seance dee Séiersten, vum éischte fräien Training, iwwert d’Qualifikatioun an duerno och an der Course:

Vill besser konnt et net lafen. D’Pole Position krut, och wann et knapp war, mega Start, an d’Pace war einfach mega.

De Succès e Sonndeg huet der Moral vum Dylan Pereira richteg gutt gedoen. Déi lescht Woche ware fir de Pilot aus der Elite Sport Sektioun vun der Arméi net ëmmer ganz einfach:

Zemools am Carrera Cup, zu Zandvoort sinn ech erausgeheit ginn, déi aner net mega ukomm, de Speed war och net do. Am Supercup war de Speed awer meeschtens do, Monaco 4. Plaz, zu Silverstone war ech zum Schluss vun der Course ee vun de Séiersten, an dat huet mer dann d’Vertraue ginn, datt de Speed nach do ass.

Wat déi zukünfteg Karriär ugeet, ass et natierlech och net schlecht, wann s de um Podium als Éischten, d’Coupe vum Wolfgang Porsche, dem President vum Opsiichtsrot vun der Autosmark iwwerreecht kriss:

Jo um Podium ze stoen, mat deene wichtege Leit do ze stoen, ass mega. An och d’Nationalhymne nees ze héieren, war mega.

No senger Victoire an nom Out vum Leader am Klassement, dem Hollänner Larry ten Vorde, ass den Dylan Pereira no 4 Courssen elo nees un der Spëtzt am Generalklassement vum Porsche Supercup:

E bëssen onerwaart, dass ech elo vir am Championnat sinn. Mä et ass alles ganz enk, just 2 Punkten Avance op déi zweeten Plaz

D’Zil ass et natierlech, fir un der Spëtzt ze bleiwen, dat gëtt awer sécherlech net einfach. Elo huet den Dylan Pereira emol den nächste Weekend fräi. Weider geet et dann an zwou Wochen zu Le Castellet a Frankräich.

An och do gëtt de Porsche Supercup nees am Kader vun der Formel 1 gefuer. An esouwuel d’Course vum Dylan Pereira, wéi och de Grand Prix an der Kinneksklass vum Automobilsport kënnt Dir Live op RTL Tëlee Lëtzebuerg an op rtl.lu suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO