Formel 1Sensatiounstransfert offiziell bestätegt! Hamilton wiesselt 2025 bei Ferrari

RTL Lëtzebuerg
Et ass dee spektakuläersten F1-Transfer vun de leschte Joren. De Lewis Hamilton verléisst no dëser Saison Mercedes fir bei Ferrari ze wiesselen.

Am Laf vum Dag goufen d’Rumeuren, de Lewis Hamilton kinnt bei Ferrari wiesselen, ëmmer méi haart. Eng offiziell Confirmatioun stoung an enger éischter Phase nach aus, mee am fréien Nomëtteg gouf d’Personal an der Mercedes-Fabrick zesummegeruff. Si krute wuel annoncéiert, dass den Transfert effektiv méi wéi nëmmen eng Rumeur ass.

Um 20 Auer eiser Zäit huet Mercedes-AMG Petronas F1 Team op X d’Nouvelle bestätegt, dass de Lewis Hamilton Mercedes verloosse wäert, ouni awer ze soen, wouhin dass et fir hie geet.

PDF: Pressecommuniqué vu Mercedes-AMG PETRONAS F1

Back to Top
CIM LOGO