Formel 1Sergio Perez ënnerschreift Kontrakt bei Red Bull

Franky Hippert
Zwou interessant Annoncen e Freideg an der Formel 1, an eng drëtt Annonce kéint och nach hannendru kommen.
© KAMRAN JEBREILI / POOL / AFP

Fir d’éischt huet de Sergio Perez e Freideg e Kontrakt bei Red Bull ënnerschriwwen. Den 30-Joer-ale Mexikaner iwwerhëlt domat de Cockpit vum Thailänner Alex Albon. De Perez hat jo bei Racing Point, d’nächst Saison Aston Martin, misse Plaz maache fir de Sebastian Vettel.

Dann huet de Toto Wolff säi Kontrakt als Teamchef vu Mercedes ëm 3 Joer verlängert. Den 48 Joer alen Éisträicher iwwerhëlt och weider Parten an der Ecurie mam Stär.

An dann dierft et och drop an dru sinn, datt de Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton säi Kontrakt bei Mercedes erneiert.

Back to Top
CIM LOGO