
E Sonndeg huet de Sergio Pérez beim Grousse Präis vu Sakhir seng éischte Formel-1-Victoire an der 190. Course a senger Karriär gefeiert.
Mat der Victoire vum Racing-Point-Pilot hate wuel déi Mannst gerecht. Méiglech gemaach huet déi Victoire een décke Feeler vu Mercedes. Den Ersatz-Pilot vum Lewis Hamilton George Russell louch a Féierung, wéi hien an der Box seng Rieder an awer och Rieder vu sengem Team-Kolleeg Bottas opgemaach kritt huet. Hien huet duerno nach emol missen an d’Box an hat kuerz viru Schluss och nach e Platten, esou datt hien nëmmen 9. ginn ass. De Bottas, deen op der zweeter Plaz louch, ass no engem ganz schlechte Stopp nëmmen den 8. ginn.
De Sergio Perez huet sech um Enn virum Renault-Pilot Estaban Ocon a sengem Team-Kolleeg Lance Stroll behaapt.
De Russell kéint och nach disqualifizéiert ginn, well hien eng Ronn mat de falsche Rieder gefuer ass. Fir Mercedes ass et dat schlechtste Resultat an dësem Joer.
De George Russel hat e ganz gudde Start an huet sech direkt un d’Spëtzt gesat. Dohannert louch de Valtteri Bottas virum Sergio Pérez an dem Max Verstappen. Dunn huet sech allerdéngs de Charles Leclerc op Ferrari verbremst. Nieft dem Monegass ass och de Max Verstappen am Kräsi gelant. Béid Piloten hunn d’Course missen opginn.
Nom Restart konnte sech béid Mercedes-Fuerer lues awer sécher vun der Konkurrenz ofsetzen. No 50 Ronne si souwuel de Russel wéi och de Bottas an der Box gewiescht. De Russel hat do dee bessere Momentum op senger Säit a konnt de Virsprong op iwwer 8 Sekonnen ausbauen. Dunn huet Mercedes awer e ganz décke Bock geschoss. De Russel krut un der Box déi falsch Pneuen, sou dass hien nach eng Kéier seng Pneuen huet misse wiesselen. An och de Bottas krut falsch Pneuen op säin Auto, nämlech déi vum Russel. Profitéiert vun dësem Chaos huet de Sergio Pérez op Racing Point, dee sech op déi 1. Plaz no vir geschafft huet.
Grad an deem Moment wou de Russel sech erëm no vir geschafft huet, huet de jonke Britt sech e Platten agefaangen, alt erëm misst en an d’Box fueren. Un der Spëtzt vun der Course huet de Sergio Pérez vum Mercedes-Chaos profitéiert a gewënnt am Bahrain virum Esteban Ocon an dem Lance Stroll.
De Weltmeeschter Lewis Hamilton konnt duerch eng Corona-Infektioun net un den Depart goen. Aus dësem Grond war de George Russel op Mercedes un den Depart gaangen.
Iwwerdeems huet um Sonndeg de Moien de Romain Grosjean bekannt ginn, dass hien dëst Joer keng Formel 1 méi wäert fueren. Méi Detailer an de Video-Statement vum Grosjean fannt Dir hei.