MotoGPSouverän Victoire fir de Fabio Quartararo

RTL Lëtzebuerg
Beim Grousse Präis vun Holland zu Assen konnt sech de Fabio Quartararo souverän virum Maverick Vinales an dem Joan Mir duerchsetzen.
© AFP

Beim Start ass de Maverick Vinales vun der Pole Position net gutt fortkomm an et war de Fabio Quartararo, dee sech direkt un d’Spëtzt konnt setzen an de Spuenier ass op déi 4. Plaz zeréckgefall. An de Ronnen do huet de Quartararo seng Féierung souverän verdeedegt an hat e komfortabele Virsprong. De Maverick Vinales konnt sech an der Tëschenzäit nees op déi 2. Plaz no vir kämpfen. Um Enn sollt sech näischt méi änneren an de Fabio Quartararo wënnt déi lescht Course virun der Summerpaus virum Maverick Vinales an dem Joan Mir dee vun der 10. Plaz bis op de Podium no vir gefuer ass.

Am General vun der MotoGP baut de Fabio Quartararo säi Virsprong virum Johann Zarco weider aus.

An der Moto2 konnt sech um Sonndeg de Raul Fernandez (Red Bull KTM Ajo) duerchsetzen. Am General bleift de Remy Gardner (Red Bull KTM Ajo) op der 1. Plaz. D’Victoire an der Moto3 konnt sech den Dennis Foggia (Leopard Racing) sécheren. Och hei ännert sech näischt un der Spëtzt vum General an de Pedro Acosta ass weider de Leader.

D’Resultater vun de Courssen

MotoGP
1. Fabio Quartararo (Monster Energy Yamaha)
2. Maverick Vinales (Monster Energy Yamaha)
3. Joan Mir (Team Suzuki Ecstar)

Moto2
1. Raul Fernandez (Red Bull KTM Ajo)
2. Remy Gardner (Red Bull KTM Ajo)
3. Augusto Fernandez (ELF Marc VDS Racing Team)

Moto3
1. Dennis Foggia (Leopard Racing)
2. Sergio Garcia (GASGAS Gaviota Aspar)
3. Romano Fenati (Sterilgarda Max Racing Team)

De General

MotoGP
1. Fabio Quartararo (Monster Energy Yamaha)
2. Johann Zarco (Pramac Racing)
3. Jack Miller (Ducati Lenovo Team)

Moto2
1. Remy Gardner (Red Bull KTM Ajo)
2. Raul Fernandez (Red Bull KTM Ajo)
3. Marco Bezzecchi (Sky Racing Team VR46)

Moto3
1. Pedro Acosta (Red Bull KTM Ajo)
2. Sergio Garcia (GASGAS Gaviota Aspar)
3. Dennis Foggia (Leopard Racing)

Back to Top
CIM LOGO