
De Fabio Quartararo war vun der drëtter Plaz an d’Course gaangen, konnt dem Espargaro awer schonn an der éischter Kéier d’Féierung ofknäppen. Duerno huet hie seng Avance op d’Verfolger kontinuéierlech ausgebaut a konnt um Schluss seng zweet Victoire an der Saison feieren.
LINK: De Replay vun de CourssenHannendrun war et e spannende Kampf ëm Plaz 2 tëscht dem Aleix Espargaro, dem Jorge Martin an dem Johann Zarco. An der leschter Ronn koum et zu enger kuriéiser Situatioun: Den Aleix Espargaro hat geduecht, d’Course wär eriwwer an ass vum Gas gaangen an huet doduerch seng zweet Plaz agebéisst. Um Schluss fueren de Jorge Martin an de Johann Zarco als Zweeten respektiv Drëtten iwwer d’Arrivée, den Espargaro kënnt als Fënneften un.
De Francesco Bagnaia, dee vun der zweeter Positioun gestart war, ass duerch eng Kollisioun an der éischter Ronn fréi ausgefall. Och den Enea Bastianini ass duerch eng Chute ausgefall. Béid Pilote verléiere wichteg Punkten am Kampf ëm d’Weltmeeschterschaft.
Mat engem Manöver an der leschter Ronn huet den Celestino Vietti an der Moto2 seng drëtt Victoire an der Saison gefeiert an huet seng Avance am Generalklassement op 16 Punkten ausgebaut. Als Zweeten ass den Aron Canet, virum Augusto Fernandez iwwer d’Arrivée gefuer. Den Joe Roberts, dee laang Leader vun der Course war, huet no enger Chute mussen opginn.
An der Moto3 huet den Izan Guevara eng Heemvictoire kënne feieren. Et gouf e laange Kampf ëm déi éischt Plaz, mee um Schluss konnt de Spuenier sech vun senge Verfolger ofsetzen a gewënnt virum David Muñoz - fir deen et säin éischte Podium war - an dem Japaner Tatsuki Suzuki. De WM-Leader Sergio Garcia gouf Véierten. De Leopard-Pilot Dennis Foggia, dee vun der Pole Position gestart war, ass ausgefall.
MotoGP
1 Fabio Quartararo 40:29.360
2 Jorge Martin +6.473
3 Johann Zarco +8.385
4 Joan Mir +11.481
5 Aleix Espargaro +14.395
Moto2
1 Celestino Vietti 38'42.9580
2 Aron Canet +0.081
3 Augusto Fernandez +0.522
4 Jake Dixon +0.646
5 Marcel Schrötter +1.470
Moto3
1 Izan Guevara 38'22.3510
2 David Muñoz +1.975
3 Tatsuki Suzuki +1.985
4 Sergio Garcia +2.036
5 Deniz Öncü +2.752
MotoGP
1 Fabio Quartararo 147
2 Aleix Espargaro 125
3 Enea Bastianini 94
4 Johann Zarco 91
5 Francesco Bagnaia 81
Moto2
1 Celestino Vietti 133
2 Ai Ogura 117
3 Aron Canet 109
4 Augusto Fernandez 96
5 Tony Arbolino 89
Moto3
1 Sergio Garcia 150
2 Izan Guevara 134
3 Jaume Masia 103
4 Dennis Foggia 95
5 Deniz Öncü 82