
E Sonndeg stoung an der MotoGP de Grousse Präis vu Portugal zu Portimao um Programm. Um Enn hat den aktuelle Weltmeeschter Fabio Quartararo d’Nues vir an huet sech déi éischt Victoire vun der Saison geséchert. Hien huet domadder d’Féierung am WM-Klassement vum Bastianini iwwerholl, dee no enger Chutte huet missen opginn. De Podium gouf vum Johann Zarco an dem Aleix Espargaro komplettéiert.
De Quartararo hat sech direkt nom Start vun der fënnefter op déi zweet Plaz verbessert. E puer Ronne méi spéit huet de Fransous och de Joan Mir iwwerholl. An der Suite huet hie Ronn fir Ronn seng Avance ausgebaut. Hannendru gouf et eng flott Lutte ëm déi 2. Plaz tëschent dem Joan Mir, dem Johann Zarco an dem Jack Miller. 7 Ronne viru Schluss huet de Miller de Mir ofgeraumt a béid Coureuren hu missen opginn. De Zarco an den Espargaro hu vun dem Crash profitéiert a konnten hir Plazen um Podium verdeedegen.
Och den Alex Rins huet d’Course animéiert. Hie war als 23. an d’Course gaangen an huet sech innerhalb vu puer Ronnen op déi sechst Plaz verbessert. Um Enn huet hie sech op der 4. Plaz klasséiert.
An der Moto2-Course huet sech den Joe Roberts virum Celestino Vietti an dem Jorge Navarro duerchgesat.
De Sergio Garcia huet iwwerdeems d’Course an der Moto3 gewonnen. D’Éiereplaze ware fir de Jaume Masia an den Ayumu Sasaki.
MotoGP
1 F. Quartararo Yamaha 41:39.611
2 J. Zarco Pramac Ducati 5.409
3 A. Espargaro Aprilia 6.068
4 A. Rins Suzuki 9.633
5 M. Oliveira KTM 13.573
Moto2
1 J. Roberts Kalex 12:09.757
2 C. Vietti Kalex 2.818
3 J. Navarro Kalex 2.991
4 M. Schrötter Kalex 3.104
5 M. Gonzalez Kalex 3.199
Moto3
1 S. Garcia GasGas 38:17.725
2 J. Masia KTM 0.069
3 A. Sasaki Husqvarna 0.110
4 D. Öncü KTM 0.210
5 I. Guevara GasGas 0.373
MotoGP
1 Fabio Quartararo 69
2 Alex Rins 69
3 Aleix Espargaro 66
Moto2
1 Celestino Vietti 90
2 Ai Ogura 56
3 Tony Arbolino 54
Moto3
1 Sergio Garcia 83
2 Dennis Foggia 82
3 Jaume Masia 54