Bei der leschter Course vun dësem Joer zu Abu Dhabi war et den Hollänner Max Verstappen, dee sech seng éischte Pole Position vun der Saison séchere konnt. Zweete gouf hei de Valtteri Bottas virum Weltmeeschter Lewis Hamilton. Fir de Sebastian Vettel war et iwwerdeems déi 13. Startpositioun a senger leschter Course fir Ferrari.
Beim Depart konnt de Verstappen seng Féierung dann och verdeedegen an och déi zwee Mercedes-Pilote konnten hir zweete respektiv drëtte Plaz bäibehalen. Fir den Hollänner war et iwwregens seng 3. Pole Position vu senger Karriär. An den éischte Ronne konnt de Red Bull-Pilot seng Avance liicht ausbauen.
Fir de Vainqueur vun der leschter Woch, de Sergio Perez, ass et zu Abu Dhabi net no Plang gelaf. De Racing-Point-Pilot huet säi Gefier wéinst technesche Problemer um Auto no 10 Ronne missen ofstellen.
No der Safety-Car-Phas huet sech un der Spëtzt allerdéngs näischt geännert. De Max Verstappen konnt seng Féierung weider virun de Mercedes-Pilote verdeedegen. Den Hollänner ass eng souverän Course gefuer a sou konnt hie sech um Enn och feiere loossen. Fir de Verstappen war et déi zweete Victoire vun der Saison. Den Hamilton konnt mat senger drëtter Plaz iwwerdeems fir d'116. Kéier fir Mercedes um Podium stoen. De Britt stoung scho virun der Course als Weltmeeschter fest.