
De Start bei dësem Rallye ass allerdéngs alles anescht wéi positiv verlaf. Um Shakedown hunn déi zwee sech mat dem Renault Clio Rally5 an enger Spatzkéier iwwerschloen. Dat zwar just bei niddereger Vitess, ma awer hat d’Team vun ARL Sport all Hänn voll ze dinn, fir den Auto nees fit ze kréie fir den offiziellen Depart vum Rallye. Fënstere goufen ersat an den Auto nees a Form bruecht.
Ouni den Auto richteg testen ze kënnen, huet de Lëtzebuerger/däitschen Duo dunn den Depart vun der 1. Special geholl. Hei konnte se sech eng éischte Kéier e richtegen Iwwerbléck verschafen iwwert d’Verhale vum Auto, de Pneuen, der Schaltung, an ob d’Notten op dësem séiere Rallye mat ville Kéieren da wierklech passt.
Si sinn ouni Feeler duerch den 1. Dag komm a konnten no 110 Kilometer Special en éischte klengen Erfolleg feieren, well deen Ament lounge si schonn op Plaz 1 an der Gentlemen-Wäertung, ënner 8 Konkurrenten. An der Trophy selwer ware se deen Ament am Mëttelfeld, dat bei 44 Starter.

Um 2. Dag stoungen nach emol 6 Speciallen um Programm. No an no ass de Mike Souvigne ëmmer besser mam Auto eens ginn an och seng Zäiten an der Trophy hu sech stänneg verbessert. Mat engem gudde Rhythmus bis zum Schluss war et um Enn déi exzellent 14. Plaz an der Trophy, an d’Victoire an der Gentlemen-Kategorie. Am General vum Rallye war et eng 44te Plaz bei 158 Equipagen, déi den Depart geholl haten.
Nächste Rendez-vous an der Clio Trophy France ass de Weekend vum 9. an 10. September, dat um Rallye Mont-Blanc Morzine. Hei wëllen de Mike Souvigne an d’Ann Felke de Réckstand op d’Spëtzt an der Trophy weider reduzéieren.