NLS-8Staarkt Resultat vum Dylan Pereira um Nürburgring

RTL Lëtzebuerg
Bei der virleschter Manche vun der Nürburgring Langstrecken Series 8 ass de Lëtzebuerger Fuerer um BMW op déi 5. Plaz gefuer.
© RTL / Jeannot Boesen

Nodeems den Dylan Pereira um Walkenhorst BMW bei der leschter Course vun der Nürburgring Langstrecken Series (NLS) duerch eng zweet Plaz um Podium stoung, gouf et dëse Weekend nees e gutt Resultat fir de Lëtzebuerger.

Mat sengem finneschen Teamkolleeg Sami-Matti Trogen goung et vun der Plaz 3 an d’Course. Kuerzzäiteg louche si un der Spëtzt. Spéider an der Course gouf d’Klassement duerch de Reen duerchernee gehäit an d’Koppel Pereira-Trogen ass um Enn op Plaz 5 iwwer d’Arrivée gefuer. Gewonne gouf déi aacht Manche vun der NLS vum Team Kognes/Giermaziak op BMW virum Ferrari mat de Pittard, Catsburg a Laser an dem Audi vun de Pilote Stippler/Kolb.

Déi lescht Manche ass fir de 6. an de 7. Oktober nees um Nürburgring programméiert.

Back to Top
CIM LOGO