Dakar Rally 2021Stéphane Peterhansel wënnt a setzt sech am General of

RTL Lëtzebuerg
De Fransous Stéphane Peterhansel (Mini) huet déi 9. Etapp vun der 43. Editioun vun der Dakar Rally gewonnen.
© AFP

De Fransous hat no de 465 Wäertungskilometer e Virsprong vun 12 Minutten op den Nasser Al-Attiyah (Toyota). Fir de Peterhansel, dee schonn 13 Mol d’Course gewonnen huet, ass et déi éischte Victoire bei dëser Editioun.

Am General läit de Mini-Pilot elo mat engem Virsprong vu 17 Minutten a 50 Sekonnen op den Al-Attiyah a Féierung. Drëtten ass de Carlos Sainz (Toyota), dat mat engem Réckstand vun iwwer enger Stonn.

Bei de Motorrieder war et eng turbulent Etapp. Mam Toby Price (KTM) an dem Luciano Benavides (Husqvarna) hunn direkt zwee Top-Fuerer no Chutte missten opginn. De Kevin Benavides (Honda) huet sech um Enn d’Victoire geséchert. Am General bleift den Ignacio Cornejo (Honda) a Féierung. Hie läit elo 11 Minutten a 24 Sekonne virum Kevin Benavides.

Resultater am IwwerbléckDen Dakar ass dëst Joer nees a Saudi-Arabien. 12 Etappe sti bis de 15. Januar um Programm.

Iwwersiicht vun den Etappen

DatumStart - ZilDistanz (Km)Wäertung (Km)
3.1.Jeddah - Bisha622277
4.1.Bisha - Wadi Ad-Dawasir685457
5.1.Wadi Ad-Dawasir - Wadi Ad-Dawasir630403
6.1.Wadi Ad-Dawasir - Riyadh813337
7.1.Riyadh - Buraydah625456
8.1.Buraydah - Ha’il655448
9.1.Roudag--
10.1.Ha’il - Sakaka (M)737471
11.1.Sakaka (M) - Neom709375
12.1.Neom - Neom579465
13.1.Neom - Al-Ula583342
14.1.Al-Ula - Yanbu557511
15.1.Yanbu - Jeddah452225
GESAMT7.6464.767

Back to Top
CIM LOGO