
Dass de Steve Fernandes iwwerhaapt beim 3. Laf vun der TER konnt un den Depart goen, grenzt un e Wonner. Beim Rallye Lëtzebuerg den 13. Juli hat hien eng Sortie mat sengem Skoda Fabia R5. Dobäi war hien an de Beem gelant an den Auto gouf nawell zolidd beschiedegt.
D’Ekipp vun FS-Sport huet awer net laang gezéckt, well schonn de Weekend drop sollt de Steve a Spuenien ebe beim Rallye de Ferrol un den Depart goen.
Scho samschdesowes hunn d’Mecanicienen de Skoda komplett auserneegeholl an et gouf lénks a riets telefonéiert, fir un Ersatzstécker ze kommen. Schonn dënschdes koum d’Nouvelle, dass den Auto gefléckt wier a prett fir a Spuenien. Respekt.
Den Auto ass dunn a Spuenien och problemlos gelaf. De Steve Fernandes an den Olivier Beck sinn hei ugetrueden, fir ëm Punkten an der Tour-European-Rally-Wäertung ze kämpfen. Géint d’Lokalmatadoren aus Spuenien hat de Lëtzebuerger/belschen Duo zwar keng Chance, mä an der TER war et um Enn vun den 10 Speciallen déi gutt 3. Plaz, hannert 2 spueneschen Equipagen op Hyundai i20 R5 bzw Citroën DS3 R5.
Am General war et Plaz 6 ënner 46 Teams, déi an d’Wäertung komm sinn.
Mat dësem Resultat ass de Steve Fernandes elo de Leader an der TER:
| 1 | Steve FERNANDES | 38,5 |
| 2 | Ivan ARES | 30 |
| 3 | Sylvain MICHEL | 29 |
| 4 | Stefan GOTTIG | 25 |
| 5 | Roberto BLACH | 22 |