
Bis elo war de Steve Jans fir GetSpeed Performance op Porsche am Asaz. Fir 2019 kënnt et dann elo awer zu engem gréissere Wiessel. Net nëmmen d’Team, mä och den Auto gëtt nei fir de Steve Jans.
Phoenix Racing ass e ganz erfuerent Team, dat och schonn an der DTM aktiv war, an do 2011 an 2013 de Championstitel feiere konnt. Desweidere ware se ënner anerem an der FIA-GT3-EM aktiv, an de Blancpain GT Series an an den ADAC GT Masters.
D'24-Stonne-Course um Nürburgring hu se och schonn 3 mol gewonnen.
No sengen Asätz op Mercedes an op Porsche muss de Steve Jans sech dann elo un en neien Auto gewinnen. Mam Audi R8 LMS GT3 geet et nees an der SP9-Kategorie un den Depart, wou de Jans scho 5 mol konnt an der Vergaangenheet um Podium stoen, dorënner 3 Victoiren.

Ween nieft dem Steve Jans nach am Phoenix-Team wäert an den Asaz kommen, gëtt zu engem spéideren Zäitpunkt bekannt gemaach.
