Pikes Peak International Hill ClimbSteve Zimmer op engem Porsche Cayman GT4 am Asaz

Andy Brücker
Nom Frank Maas 2010 an 2012 geet mam Steve Zimmer dëst Joer e weidere Lëtzebuerger un den Depart vun dëser legendärer Biergcourse an Amerika.

Den Auto gëtt agesat vum RD Limited-Team vum Romain Dumas, dee selwer och bei dëser Course op engem Porsche 911 GT2 RS Clubsport ëm d’Gesamtvictoire fuere wëll. De Romain Dumas hält iwweregens och de Streckerekord mat enger Zäit vun 7:57,148 Minutten. Deen ass hien op engem Volkswagen ID-R Elektro Prototyp gefuer.

De Lëtzebuerger Steve Zimmer kann deemno mat Sécherheet vun der Erfarung vum Romain Dumas profitéieren, deen de Pikes Peak International Hill Climb an de Joren 2014, 2016, 2017 an 2019 gewonnen huet.

De Lëtzebuerger Rallye- a Biergcourse-Pilot fiert de Pikes Peak net mat sengem eegene Porsche 911 GT3 oder mam BMW E30 M3, ma wéi gesot op engem Porsche Cayman GT4, deen hien eng éischte Kéier an Amerika entdeckt. Den Auto kënnt an engem bekannten Design aus hellblo an orange.

© Steve Zimmer

Am Virfeld vun der Course kënnen d’Piloten ëmmer just vereenzelt Streckendeeler am Training fueren, éier se dann e Sonndeg wärend der Course eng éischte Kéier de komplette Bierg kënne fueren.

Lassgaangen ass et e Méindeg scho mat der technescher Ofnam vun den Autoen. Zanter en Dënschdeg leeft den Training, deen iwwerdeems ëmmer an de ganz fréie Moiesstonne gefuer gëtt. Am Training konnt de Steve Zimmer virun allem en Donneschdeg op sech opmierksam maachen, wéi hien an der Klass Time Attack 1 déi 3.-bescht Zäit gefuer ass, hannert dem Romain Dumas um Porsche 911 GT2 RS Clubsport an dem Rhys Millen um Bentley Continental GT3.

© Steve Zimmer

Et huet iwwerdeems och schonn deels wärend dem Training gereent, wat eng gutt Preparatioun op e Sonndeg ass, wou och Reen gemellt ass.

D’Course kann een e Sonndeg ënnert anerem live an engem Stream op Facebook verfollegen.

PDF: Startlëscht vun der 99. Editioun vum Pikes Peak International Hill Climb

Back to Top
CIM LOGO