Pikes Peak International Hill ClimbSteve Zimmer um Porsche Cayman GT4 op der 30. Plaz bei 55 Starter

Andy Brücker
Déi 99. Editioun vum legendäre Pikes Peak International Hill Climb gouf d'Affer vun de Wiederkonditiounen. Net déi komplett Streck konnt gefuer ginn.

An der Nuecht virum Depart vun der Course hat et op der Kopp vum Bierg geschneit, wouduerch d’Arrivée huet mussen e gutt Stéck no ënne geréckelt ginn. Doduerch koum et och zu Retarde beim Depart.

Dat hat dann als Konsequenz fir de Lëtzebuerger Steve Zimmer, dass hien duebel bestrooft gouf... well wéi hie bis dru war, hat et och nach op engem Streckendeel gereent. Um Depart hat hien d’Informatioun kritt, dass d’Streck komplett dréche wier. Deemno ass hie mat Slicks de Bierg eropgefuer. Ënnerwee huet hien du musse feststellen, dass ronn 1 Drëttel vun der Streck naass war vum Reen, wouduerch et net drëm goung eng gutt Zäit ze fueren, ma et ass drëm gaangen den Auto an engem Stéck iwwert d’Arrivée ze bréngen.

Speziell bei dëser Course ass, dass et just 1 Manche gëtt, dat heescht et huet ee just 1 Versuch fir eng gutt Zäit ze fueren. Deemno war et net dat Resultat, wat sech de Lëtzebuerger Rallye- a Biergcoursepilot erwaart hat. An awer ass hie mat positiven Erënnerungen aus den USA zeréck komm an e schléisst net aus, dass en d’Aventure “Pikes Peak International Hill Climb” nach eng weider Kéier wäert an Ugrëff huelen.

Um Enn war et eng 30. Plaz am General bei 55 Starter. A senger Klass “Time Attack 1" ass et déi 9. Plaz

Gewonnen huet de Robin Shute op engem Wolf GB08 TSC-LT an enger Zäit vu 5min55,246. Hannendru kënnt de Romain Dumas op engem Porsche 911 GT2 RS Clubsport an 6min31,914. De Podium gouf komplettéiert vum Paul Dallenbach op engem PVA-003 Dallenbach Special. Allen dräi Autoen um Podium sinn an enger anerer Klass ugetrueden, wouduerch d’Zäiten nëmme schwéier matenee kënne verglach ginn.

PDF: Schlussklassement PPIHC 2021

Back to Top
CIM LOGO