Formel 1Szafnauer bei Alpine duerch Famin ersat, Mekies bei Ferrari duerch Ioverno

RTL Lëtzebuerg
An der Formel 1 kënnt virun der Summerpaus schonn e bësse Beweegung a verschidden Dossieren.
Alpine trennt sech vum Teamchef Szafnauer
Alpine trennt sech vum Teamchef Szafnauer

Den Otmar Szafnauer gëtt no annerhallwem Joer als Teamchef vun Alpine ersat. Neie staarke Mann gëtt elo de Bruno Famin bei der franséisch-englescher Ecurie, deen jo och scho Responsabel vum ganze Motorsportberäich bei Alpine ass. Nieft dem Szafnauer muss och de Sportdirekter Alan Permane goen. De Famin iwwerhëlt de Poste vum Teamchef nom Grousse Präis vun der Belsch un.

Bei Ferrari huet de Racing Direkter Laurent Mekies elo bis den 1. Januar fräi, éiert hien als neien Teamchef vun Alpha Tauri ufänkt. Bei der Scuderia ersetzt den Diego Ioverno den 46 Joer ale Fransous. Den Ioverno, deen neie Sportdirekter gëtt, ass zanter 23 Joer bei Ferrari.

Back to Top
CIM LOGO