Porsche Supercupten Voorde séchert sech den Titel, Dylan Pereira gëtt Vizechampion

RTL Lëtzebuerg
Den Dylan Pereira gouf duerch seng 4. Plaz zu Monza an enger excellenter Saison um Enn de Vizechampion hannert dem Larry ten Voorde.

Um Sonndeg stoung am Porsche Supercup déi leschte Course vun der Saison um Programm. Aus Lëtzebuerger Siicht hat den Dylan Pereira virun der Course eng Avance vu 4 Punkten op säi gréisste Konkurrent, de Larry ten Voorde aus Holland.

Nom Qualifying um Samschdeg war allerdéngs kloer, dass et eng schwéier Aufgab fir de Lëtzebuerger géif ginn, dëst well den ten Voorde vu vir fuere konnt an den Dylan Pereira sengersäits vun der 4. Positioun an d’Course goung.

Direkt nom Depart konnt de Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer eng Positioun gutt maachen, a sech op déi 3. Positioun verbesseren, säi Konkurrent aus Holland konnt seng éischte Plaz dogéint verdeedegen. Duerch zwee Accidenter an den éischte Ronne gouf et direkt zwou Sortië vum Safety Car, ma den ten Voorde konnt béid Kéiere seng Féierung behaapten, a sech no der zweeter Relance esouguer liicht vum Latorre, deen op Positioun zwee louch, ofsetzen.

Wärend den Hollänner seng Avance un der Spëtzt kontinuéierlech ausbaue konnt, war den Dylan Pereira beméit, sech géint de Florian Latorre duerchzesetzen, a sech op déi zweete Platz ze verbesseren, ma de Fransous konnt seng zweete Positioun konsequent behaapten.

An der 10. Ronn sollt d’Virentscheedung am General dann zu Gonschte vum ten Voorde falen, dëst well de Pereira op déi véierte Plaz zréckgefall war.

Um Enn konnt de Larry ten Voorde sech dann och d’Victoire zu Monza a soumat och d’Victoire am General sécheren. Trotz enger excellenter Saison sollt et fir den Dylan Pereira um Enn net fir den Titel duergoen, hie gouf um Enn duerch seng 4. Plaz zu Monza den Zweeten am Porsche Supercup 2020.

PDF: Offiziellt Schreiwes vum ACL

Back to Top
CIM LOGO