WRC Akropolis-RallyeThierry Neuville feiert éischt Victoire an dëser Saison

RTL Lëtzebuerg
Donieft war et och déi éischt Dräifachvictoire fir Hyundai an der Rallye-WM. Den Neuville huet virum Tänak an dem Sordo gewonnen.
© AFP

Den Thierry Neuville (Hyundai) huet bei der turbulenter Rallye Akropolis a Griichenland, der zéngter vun 13 Manchen an der Rallye-Weltmeeschterschaft 2022, déi éischt Victoire gefeiert. Fir Hyundai war et no de 16 Wäertungsprüfungen a Griichenland deen éischten Dräifacherfolleg, zanter déi koreanesch Ecurie an der Rallye-WM aktiv ass.

De fréiere Weltmeeschter Ott Tänak ass mat engem Réckstand vu 15 Sekonnen op den Neuville als Zweeten ukomm. Den Dani Sordo hat als Drëtten e Retard vun enger Minutt an 49 Sekonnen.

Am WM-Klassement läit weiderhin de Kalle Rovanperä (Toyota) un der Spëtzt. Hie konnt allerdéngs a Griichenland säin éischte Matchball fir de Gewënn vum WRC-Titel 2022 net notzen. No engem Fuerfeeler e Samschdeg ass de Finn nëmmen de 15. ginn. Seng nächst Chance, fir den Titel perfekt ze maachen, huet den 21 Joer ale Pilot bei der Rallye Neiséiland (29. September - 2. Oktober). Zweeten am General ass den Tänak. Seng Chancen op den Titel sinn awer just nach ganz kleng.

Back to Top
CIM LOGO