Dakar Rally 2021Toby Price (KTM) a Carlos Sainz (Mini) heeschen d'Gewënner vun der 1. Etapp

Andy Brücker
E Sonndeg gouf déi 1. Etapp vum Dakar Rally 2021 gefuer, dat iwwer 277km vun Jeddah op Bisha.

De Spuenier Carlos Sainz huet e Sonndeg déi éischt Etapp vum Rally Dakar op sengem Mini gewonnen. Zweete gouf de Fransous Stéphane Peterhansel och op Mini.

Bei de Motorrieder war et den Australier Toby Price, deen no 3 Stonnen 18 Minutten an 26 Sekonnen am Séiersten ënnerwee war. Den Dakar-Gewënner vun 2016 an 2019 konnt de Kevin Benavides (Honda) an de Matthias Walker (KTM) ëm gutt 30 Sekonnen distanzéieren.

Den Dakar ass dëst Joer nees a Saudi-Arabien. 12 Etappen sti bis de 15. Januar um Programm.

Iwwersiicht vun den Etappen

DatumStart - ZilDistanz (Km)Wäertung (Km)
3.1.Jeddah - Bisha622277
4.1.Bisha - Wadi Ad-Dawasir685457
5.1.Wadi Ad-Dawasir - Wadi Ad-Dawasir630403
6.1.Wadi Ad-Dawasir - Riyadh813337
7.1.Riyadh - Buraydah625456
8.1.Buraydah - Ha’il655448
9.1.Roudag--
10.1.Ha’il - Sakaka (M)737471
11.1.Sakaka (M) - Neom709375
12.1.Neom - Neom579465
13.1.Neom - Al-Ula583342
14.1.Al-Ula - Yanbu557511
15.1.Yanbu - Jeddah452225
GESAMT7.6464.767

Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO