24h Le MansToyota TS050 mat der Nummer 7 vun der Pole Position

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg ass den Depart vun de 24 Stonne vu Le Mans. Vun der Pole Position start den Toyota TS050 Hybrid LMP1 WEC.
© AFP

Op deem Auto fueren de Mike Conway / Kamui Kobayashi a José-Maria Lopez.

Nieft hinne steet awer net den zweeten Toyota LMP1, ma do huet sech den Auto mat der Startnummer 1 am Qualifying behaapt, dëst vum Team Rebellion. Op deem Auto fueren de Gustavo Menezes, den Norman Nato an de Bruno Senna.

Op Plaz 3 steet da wéi gesot den zweeten Toyota, dëst mat de Piloten Sébastien Buemi, Brendon Hartley a Kazumi Nakajima.

Fir Toyota ass et dat kloert Zil, fir den Triplé ze realiséieren, nodeems si 2018 an 2019 dës legendär Course gewanne konnten. Rebellion wëll hinnen awer e Stréch duerch d’Rechnung maachen, nodeems si schonn ugekënnegt hunn, dass den LMP1-Programm gestoppt gëtt. Et ka sinn, dass d'24-Stonne-Course de leschten Asaz vun hinnen ass.

An der LMP2-Kategorie war den Oreca mat der Startnummer 6 dee Séiersten. Op deem Auto fueren de Filipe Albuquerque, de Paul Di Resta an de Philip Hanson.

An der Kategorie LM GTE PRO ass et Plaz 1 fir de Porsche 911 RSR mam Gianmaria Bruni, Richard Lietz a Frédéric Makowiecki.

An der Kategorie LM GTE AM gouf déi séierst Zäit am Qualifying um Ferrari 488 vum Côme Ledogar, Oswaldo Negri Jr a Francesco Piovanetti gefuer.

Den Depart ass um Samschdeg um 14.30 Auer. Et si keng Zuschauer bei der Course erlaabt.

Back to Top
CIM LOGO