Kuerz virum Start an déi nei Saison trauert d’Formel 1 ëm den Doud vun hirem laangjärege Renndirekter. De Charlie Whiting ass um Donneschden de Mueren zu Melbourne am Alter vu 66 Joer un enger Longenembolie gestuerwen. Dëst deelt de “Motorsport-Weltverband FIA” mat.
De FIA-President Jean Todt dréckt seng déif Trauer aus a seet, dass den Charlie Whiting e formidabelen Renndirekter an eng zentral Figur an der Formel 1 war, déi d’Wäerter an de Geescht vun dësem Sport verkierpert hätt. D’Formel 1 hätt en treie Frënd a charismatesche Embassadeur verluer. Dem Fransous seng Gedanken, déi vun der FIA an der kompletter Motosport-Gesellschaft wieren elo bei senger Famill a senge Frënn.

„Mir hunn mam Charlie Whiting en treien Frënd an en charismatechen Ambassadeur verluer“ huet de FIA-President Jean Todt getwittert. Och d‘Piloten an den Ecurien waren an déiwer Trauer, déi vun dëser Nouvelle iwwerrascht goufen.
Och de Formel-1-Sportchef Ross Brawn seet voller Trauer, hien hätt den Charlie säi ganzt Motosport-Liewe laang kannt an zesumme mat him vill Zäit un de Rennstrecken op der ganzer Welt verbruecht. Hie wier um Buedem zerstéiert. Den Doud vum Charlie Whiting wier net nëmmen e grousse Verloscht fir hien, mä och fir déi ganz Famill vun der Formel 1. Seng Carrière huet de Renndirekter an der Kinneksklass 1977 am Déngscht vum Hesketh-Rennstall ugefaangen. An den 80er Joren ass hie bei Brabham gewiesselt, wou hie Chefmechaniker an duerno Cheftechniker ginn ass. 1988 ass hie bei d’FIA komm a war do zënter 1997 Renndirekter. Hie war fir de sécheren a fairen Oflaf vun de Grand-Prix-Weekender verantwortlech.