
D’Formel 1 ass langweileg well Mercedes ëmmer gewënnt? Op d’mannst zu Monza gouf et dëse Weekend eng verréckte Course. Dass Gasly, Sainz a Stroll um Podium stinn, huet wahrscheinlech kee richteg virausgesot. Wierklech keen?
Wéi déi finnesch Zeitung Iltalehti mellt, hätt ee finnesche F1-Fan op genee déi Top3 gewett. Wéi de Wettbüro Veikkaus matdeelt, loung d’Quot bei dëser Wett bei 1 zu 166’990. Leider goufen awer nëmmen 20 Cent op dat Resultat gesat, mä dat mécht nach ëmmerhin e Gewënn vun 33’398 Euro.