F1-PilotemarchéVerstappen bleift bis 2030 bei Red Bull

Serge Pauly
Pénktlech virum Grousse Präis vun Holland gëtt eng vun de grousse Froen am F1-Paddock beäntwert: de Max Verstappen bleift Red Bull trei.
De Max Verstappen an de Laurent Mekies bei der Ënnerschrëft.
De Max Verstappen an de Laurent Mekies bei der Ënnerschrëft.
© Red Bull Content Pool

Déi lescht Méint gouf et ëmmer erëm Rumeuren, de Max Verstappen kéint d’Ecurie wiesselen oder der Formel 1 esouguer komplett de Réck dréinen. Den Hollänner huet ni verstoppt, dass déi aktuell Autoen him net gefalen. Och seng Kritik um eegenen Team war zäitweis net z’iwwerhéieren. Him goufen intensiv Kontakter mam Mercedes-Teamchef Toto Wolff nogesot. Aner Experte waren iwwerzeegt, hie géif zesumme mat sengem Renningenieur Lambiase bei McLaren wiesselen. Parallel huet hie mat sengem GT3-Engagement op der Nordschleife ugedeit, dass hie sech och ee Liewe baussent der Formel 1 virstelle kann.

Elo ass kloer: de véierfache Weltmeeschter bleift sengem Red-Bull-Team trei. An der Summerpaus huet hien en neie Kontrakt ënnerschriwwen. Dee leeft bis 2030. Weider Detailer wéi Salaire oder Ausstigsklausele goufe wéi gewinnt net kommunizéiert. Red Bull op jiddwer Fall feiert dës Ënnerschrëft: "Red Bull ass onheemlech houfreg, fir ze confirméieren, dass de Max Verstappen bis um Enn vun der Formel-1-Saison 2030 beim Team bleift. Domadder gëtt eng vun den erfollegräichste Partnerschaften an der F1-Geschicht viru geschriwwen."

Och de Max Verstappen ass mat der Verlängerung zefridden: "Mir hunn déi beschte Leit an ech freeë mech, mat jidderengem zesummenzeschaffen, fir erëm un d’Spëtzt ze kommen. (...) Ech hunn ëmmer gesot, dass d’Team wéi eng zweet Famill fir mech ass, an dass ech mech hei wierklech doheem fillen. (...) Ech schaffen elo zënter iwwert engem Joer groussaarteg mam Laurent (Teamchef Mekies) zesummen. Ech gesinn eng kloer Visioun fir d’Team. Jiddwereen zu Milton Keynes gleeft un dat, wat mir zesummen opbauen. Ech freeë mech dorobber, ëm weider Victoiren an Titelen ze kämpfen."

Och de Red-Bull-Teamchef Laurent Mekies ass iwwerzeegt, dass Ecurie a Pilot an Zukunft erëm grouss Succèse feiere kënnen. Donieft ënnersträicht de Mekies, dass dës Verlängerung och eng gutt Nouvelle fir de Sport ass, well de Verstappen domadder der F1 erhale bleift.

Zesummen hunn de Verstappen a Red Bull véier Fuerertitelen, zwee Constructeurstitelen an 71 Grand-Prix-Victoirë gefeiert.

Back to Top
CIM LOGO