
Nodeems et am Q1 keng Iwwerraschunge gouf, huet Ferrari am Q2 eng grouss Enttäuschung missen astiechen. Direkt déi zwee Ferrari Fuerer Charles Leclerc a Carlos Sainz sinn op de Plazen 11 a 13 eraus geflunn. Och de Fernando Alonso huet de Sprong an de Q3 net gepackt gehat.
Kuerz virum Q3 ass de Reen ëmmer méi staark ginn an d’Fuerer hu ganz schwéier Streckekonditioune virfonnt. No engem schroem Crash vum Lando Norris, deen de Q1 an och de Q2 gewonnen huet, ass de Qualifying dunn ënnerbrach ginn. Den Englänner konnt den Auto awer selwer verloossen. Nodeems et bei naasse Stroossen nees weider gaangen ass huet virun allem de George Russell fir eng Iwwerraschung gesuergt, dee vun der formidabeler 2. Plaz fort fiert. Fir ganz fir ass et awer net duergaangen, do steet de Max Verstappen.