
Um Samschdeg stoung an der Formel 1 de Qualifying vum grousse Präis vun der Steiermark zu Spielberg an Éisträich um Programm. Bei der Qualifikatioun vun der 8. Manche vun der Saison gouf sech no den 3. fräien Trainingen op en Neits en Duell tëscht dem Leader am General Max Verstappen an dem Weltmeeschter Lewis Hamilton erwaart. Nodeems den Hollänner déi éischt 2 fräi Traininge fir sech entscheede konnt, war et um Samschdeg de Moien den Hamilton, deen déi séiersten Zäit am 3. fräien Training hat.
Um Enn war et de Max Verstappen, deen déi séiersten Zäit op de Circuit brénge konnt. Et ass dem Hollänner seng 3. Pole Position vun dëser Saison, dee jo och schonn um leschte Weekend dee Séierste war.
Zweete gouf de Bottas, deen duerch ee Feeler am fräien Training awer nach 3 Plazen no hanne versat gouf, a soumat vun der 5. Positioun aus wäert an d’Course goen. Soumat spréngt den Hamilton op déi 2. Plaz, als drëtte wäert de Lando Norris um Sonndeg an d’Course goen.
D’Course um Sonndeg kënnt Dir vu 14:20 Auer live op RTL Lëtzebuerg am Livestream op RTL.lu an um RTL Play suivéieren.