Autocross-EMVictoire an Tschechien fir de Kevin Peters, Kenny Reding op gudder 5. Plaz

Andy Brücker
Beim 7. Laf vun der Autocross-Europameeschterschaft konnt de Lëtzebuerger Kevin Peters eng weider Victoire feieren, dës Kéier zu Prerov (CZ).

Schonn am Zäittraining hat sech ugedeit, dass de Kevin Peters, grad ewéi säi Material gutt preparéiert waren. Dat huet sech dann och an de Qualifikatiounsleef bestätegt, mat enger Victoire am 1. Laf an enger zweeter Plaz am zweete Laf.

Am 3. Qualifikatiounslaf gouf et dunn awer e Réckschlag fir de Lëtzebuerger. Hien ass beim Start net gutt fortkomm an huet an der leschter Ronn huet en de viischte Cardan vum Buggy ewechgedréint. Doduerch koum hie just als 6ten iwwert d’Arrivée.

An der Halleffinall goung et vu Plaz 2 an d’Course, wou en awer kuerze Prozess mam Hollänner Styn Jaspers gemaach huet, fir sech hei kënnen als Gewënner duerchzesetzen.

© Ralf Hofacker

An der Finall huet dunn och nach d’Wieder gemengt eng Roll mussen ze spillen. Et hat ugefaange mat reenen, wouduerch de Circuit extrem rutscheg ginn ass. De Kevin Peters hat awer e gudde Start erwëscht a konnt sech un d’Spëtzt vum Feld setzen... eng Positioun déi hie bis zum Schluss net méi hierginn huet. Hie gewënnt virum Styn Jaspers (NL) an dem Thomas Christol (F).

Net vergiesse wëlle mer awer op dëser Plaz de Kenny Reding, deen de ganze Weekend iwwer eng gutt Pace opweises hat. Dat huet sech och an der Finall erëmgespigelt. Hie gëtt um Enn de ganz gudde 5ten, wat dann och weider wichteg Punkten am Championnat mat sech bréngt.

Am Klassement vun der Autocross-Europameeschterschaft bei de Buggy 1600 konnt de Kevin Peters säi Virsprong weider ausbauen.

1) Kevin Peters: 218 Punkten
2) Thomas Christol: 163 Punkten
3) Styn Jaspers: 149 Punkten
...
10) Kenny Reding: 75 Punkten

Déi nächste Course ass den 17./18. September zu St. Igny de Vers a Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO