Autocross-EMVictoire fir de Kevin Peters zu Nova Paka

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war déi véiert Course fir d'Autocross-Europameeschterschaft zu Nova Paka an Tschechien.
© Martina Hejky

De Weekend hat scho gutt ugefaange mat enger 2. Plaz am Zäittraining. De Kevin Peters konnt déi 3 Qualifikatiounsleef ëmmer mat enger Victoire feieren. Duerch déi 3 Victoiren an de Qualifikatiounsleef konnt hien also och bei am Klassement no den 3 Leef de Maximum vun 10 Punkte mathuelen.

An der Halleffinall konnt de Lëtzebuerger sech direkt nom Depart un d’Spëtzt setzen an huet dës och bis zum Schluss net méi ofginn. Deemno konnt hien an der Finall vun der Pole Position aus fortfueren. De Kevin Peters huet sech dann och an der Finall duerchgesat, dat virum Hollänner Bart van dar Putten an dem Tschech Jakub Novotny. Eng Victoire zu Nova Paka ass ëmmer nees eng speziell, well déi Course gëtt Mekka vum Autocross genannt.

Déi fënnefte Course ass dann den 23./24. Juli zu St.Georges de Montaigu a Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO