Formel 1: Grousse Präis vun UngarnVictoire fir de Lewis Hamilton um Hungaroring

RTL Lëtzebuerg
Ganz iwwerleeë wënnt de Lewis Hamilton de grousse Präis vun Ungarn virum Max Verstappen an dem Valtteri Bottas.
Victoire fir de Lewis Hamilton um Hungaroring
Ganz iwwerleeë wënnt de Lewis Hamilton de grousse Präis vun Ungarn virum Max Verstappen an dem Valtteri Bottas.

Vun Ufank hunn huet de Lewis Hamilton (Mercedes) d’Course dominéiert an huet deenen aneren keng Chance gelooss. De Britt konnt all Fuerer iwwerronnen ausser de Max Verstappen, Valtteri Bottas an dem Lance Stroll, wat seng Iwwerleeënheet ënner Beweis stellt.

Op Plazen 2 an 3 sinn de Max Verstappen (Red Bull) an de Valtteri Bottas (Mercedes) gefuer.

Donierft huet de Lewis Hamilton och nach de Rekord vum Michael Schumacher agestallt fir déi meeschte Victoiren op enger Streck (8).

Resumé vun der Course

De Bottas (Mercedes) hat e ganz schlechte Start erwëscht an ass direkt vun der 2. op déi 8. Plaz zeréck gefall.

Bei naasser Streck haten all d’Fuerer Ree-Pneuen opleien mee allerdéngs ass d’Streck relativ séier dréche ginn sou dat all d’Fuerer ganz fréi nees an d’Box gefuer sinn fir aner Pneuen opzeleeën.

No dëse Wiesselen gouf et ganz vill Ännerungen an de Sebastian Vettel (Ferrari) ass nom Wiessel nees vun der 4. op déi 9. Plaz zeréck gefall wëll sou vill Autoen an der Boxegaass waren dat en net konnt direkt fortfueren a puer Sekonnen huet misse waarden. Op eemol waren och de Kevin Magnussen an de Romain Grosjean vun Haas mat vir bäi wëll se nach éischter wéi déi aner d’Pneuen gewiesselt haten.

Dono huet de Lewis Hamilton virum Max Verstappen (Red Bull) an dem Valtteri Bottas (Mercedes), deen no sengem schlechte Start nees konnt no vir fueren, d’Course dominéiert an hat e komfortable Virsprong.

Zum Schluss vun der Course huet en dann och näischt méi ubrenne gelooss a wënnt virum Max Verstappen an dem Valtteri Bottas tëscht deenen zwee et um Enn nach ganz enk gi war.

Back to Top
CIM LOGO