
Vum Depart ewech konnt de Max Verstappen (Red Bull) seng Féierung virum Lewis Hamilton verdeedegen. Fir de Pierre Gasly, dee vun der 6. Plaz gestart ass, war d’Course schonn no enger Ronn no engem Schued um Pneu lénks hannen eriwwer.
An de Ronnen dono huet de Lewis Hamilton de Réckstand op de Max Verstappen a Grenze gehalen sou dat den Hollänner sech ni wierklech konnt ausrouen. Iwwerdeems konnt sech de Valtteri Bottas de Sergio Perez an de Lando Norris kropen an ass op déi 3. Plaz no vir gefuer.
Am leschten Drëttel vun der Course ass et dem Max Verstappen op Red Bull dann awer gelongen, de Virsprong op de Lewis Hamilton auszebauen, sou dat et keng Gefor méi fir dës Victoire gouf. De Sergio Perez hat 15 Ronne viru Schluss nach eng Kéier seng Pneue gewiesselt fir mat dësen nach de Bottas kënnen ze iwwerhuelen, mä dëst sollt awer knapps net méi duergoen, sou dat de Finn op Mercedes sech déi 3. Plaz séchert.
Eng exzellent Course huet och de Charles Leclerc op Ferrari gefuer, deen am Ufank vun der Course bal ganz no hannen zeréckgefall ass a schlussendlech et awer nach op déi 7. Plaz gepackt huet. Och de Carlos Sainz, deen als 12. an d’Course gaangen ass, ass nach op déi 6. Plaz no vir gefuer.