
De Sébastien Ogier huet d’Rallye vu Sardinien gewonnen. Den Toyota-Pilot huet sech virum Elfyn Evans och op Toyota an dem Thierry Neuville op Hyundai behaapt.
Den Ogier hat e Samschdeg d’Féierung iwwerholl, dat nodeems den Ott Tänak hat missen opginn.
Am General vun der Rallye-Weltmeeschterschaft huet den Ogier elo eng Avance vun 21 Punkten op den Evans.