Dakar Rally 2021Victoire fir den Al Rajhi, Peterhansel weider a Féierung

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg stoung bei der Dakar Rally déi 7. vun 12 Etappen um Programm.
De Carlos Sainz.
De Carlos Sainz.
© AFP

Um Sonndeg stoung nom Roudag déi 7. Etapp iwwer 471 km vun Ha’il op Sakaka um Programm.

Bei den Autoe konnt sech um Enn den Yazid Al Rajhi (Toyota) duerchsetzen a wënnt no 2015 mol nees eng kéier eng Course. Hien hat e Virsprong vun 48 Sekonnen op de Stephane Peterhansel (Mini) an 1 Minutt a 15 Sekonnen op de Carlos Sainz (Mini).

Am General baut de Stephane Peterhansel säi Virsprong op den Nasser Al-Attiyah (Toyota) weider aus op 7 Minutten an 53 Sekonnen. Drëtten ass de Carlos Sainz op 41 Minutten a 7 Sekonnen.

Bei de Motoen ass et de Ricky Brabec (Honda) dee sech mat engem Virsprong vun 2 Minutten a 7 Sekonnen duerchsetze konnt. Op d’Plazen 2 an 3 kommen de Jose Ignacio Cornejo Florimo (Honda) an de Skyler Howes (KTM).

Am General huet de Jose Ignacio Cornejo Florimo elo d’Féierung virum Toby Price (KTM) iwwerholl an dat mat just enger Sekonn Virsprong. Drëtten ass de Sam Sunderland (KTM) op 2 Minutten an 11 Sekonnen.

Resultater am IwwerbléckDen Dakar ass dëst Joer nees a Saudi-Arabien. 12 Etappen sti bis de 15. Januar um Programm.

Iwwersiicht vun den Etappen

DatumStart - ZilDistanz (Km)Wäertung (Km)
3.1.Jeddah - Bisha622277
4.1.Bisha - Wadi Ad-Dawasir685457
5.1.Wadi Ad-Dawasir - Wadi Ad-Dawasir630403
6.1.Wadi Ad-Dawasir - Riyadh813337
7.1.Riyadh - Buraydah625456
8.1.Buraydah - Ha’il655448
9.1.Roudag--
10.1.Ha’il - Sakaka (M)737471
11.1.Sakaka (M) - Neom709375
12.1.Neom - Neom579465
13.1.Neom - Al-Ula583342
14.1.Al-Ula - Yanbu557511
15.1.Yanbu - Jeddah452225
GESAMT7.6464.767

Back to Top
CIM LOGO