Rallye-WMVictoire fir den Ott Tänak beim Rallye op Sardinien

RTL Lëtzebuerg
Beim 5. Laf vun der Rallye-WM konnt den Est Ott Tänak sech op Hyundai i20 behaapten, virum Craig Breen op Ford Puma an dem Dani Sordo och op Hyundai i20.

Op Plaz 4 kënnt de Fransous Pierre-Louis Loubet op Ford Puma. De Leader am WM-Klassement, de Finn Kalle Rovanperä koum mam Toyota Yaris op déi 5. Plaz am General.

Op der Powerstage war et de Belsch Thierry Neuville, dee sech déi meescht Bonuspunkte konnt sécheren. Dat war dann alt e klengen Trouschtpräis, nodeems hie samschdes no engem Iwwerschlag ausgefall war an näischt mat der Victoire ze dinn hat. 2. Plaz op der Powerstage geet un den Rovanperä, virun Evans, Lappi a Katsuta, déi sech alleguerten nach Bonuspunkte séchere konnten.

Et ass dem Ott Tänak seng 15. Victoire an der WRC a seng éischt fir dës Saison.

Am WM-Klassement bleift de Rovanperä mat grousser Avance op Plaz 1 mat 120 Punkten. Hannert him kënnt den Thierry Neuville mat 65 Punkten. Op Plaz 3 den Tänak (62), viru Breen (52), Katsuta (47) an Evans (39).

Back to Top
CIM LOGO