
Nodeems d’Mercedes AMG Team Akka, wat bis an der Nuecht op Plaz 3 loung, ausgefall ass, huet den Duo Ferrari - Audi d’Spëtzt iwwerholl. Op der 3. Plaz huet den Aston Martin Vantage GT3 vu Garage 59 mat ënnert anerem dem Nicki Thiim och matgemëscht.
Um Sonnden, kuerz virun Schluss, huet et ugefaange vill ze reenen, an do hat Audi WRT dat besser antizipéiert. Si si fréi op Reepneue gewiesselt an hunn esou de Ferrari op Plaz 2 verwisen. Mä de Ferrari mam Alessandro Pier Guidi huet Ronn vir Ronn Zäit guttgemaach. An engem spektakuläre Manöver huet de Pier Guidi an der Blanchimont-Kéier den Dries Vanthor kuerz viru Schluss am Schloreen baussen iwwerholl an esou d’Victoire fir d’Ferrari-Team op der 24-Stonne-Course geséchert. Et war déi éischt Victoire zanter 17 Joer fir Ferrari bei dëser Course.
Eng ganz positiv Course gouf et fir de Carlos Rivas, dëst bei senger éischter Participatioun bei de 24 Stonne vu Spa. Hie war op engem Porsche 911 GT3-R vum Team EBM Giga Racing am Asaz. Den Auto mat der Startnummer 61 kënnt um Enn op déi exzellent 20. Plaz am General . Vun de Porsche-Equipagen ass et souguer déi 3. Plaz, dëst zesumme mat sengen Teamkolleegen Triller, Harker a Bamber.

Am Auto mat der Startnummer 2 souz den Olivier Grotz. De Mercedes AMG GT3 vum Team Getspeed sollt et awer net iwwert déi 24 Stonne packen. Zwëschenzäitlech loung d’Team ëm Bastian, Scholze, Pla a Grotz op Plaz 22 am General. Si hu sech awer e sëllege Feeler geleescht, sief et d’Net-Respektéiere vun Tracklimits, oder si waren ze séier an de Boxegaass. Deementspriechend goufen et och Strofe vun der Renn-Direktioun.

Um Sonnden de Moie géint 9 Auer, wou si an der Klass déi 4. waren, 30 Sekonne vu Plaz 3 a 47 Sekonne vu Plaz 2 ewech, hate se en Accident bei der Afaart an d’Pitlane. Dobäi gouf den Auto sou uerg beschiedegt, dass en net méi gefléckt konnt ginn. Domat war d’Course no 376 Ronne gelaf.