Rallye-WMVictoire vum Elfyn Evans op Toyota Yaris WRC beim Rallye Portugal

Andy Brücker
Beim 4. Laf vun der Rallye-Weltmeeschterschaft ka sech den Duo Evans/Scott (Toyota) viru Sordo/Rozada (Hyundai) an Ogier/Ingrassia (Toyota) behaapten.
© AFP

Iwwert de ganze Weekend war eigentlech den Hyundai-Pilot Ott Tanäk de Séiersten, ma um Samschdeg hat hie Problemer mat der Suspensioun op der zweetleschter Special, wouduerch hie wäit zeréckgefall war a Samschdes net fäerdeg fuere konnt. Um Sonndeg goung et du just drëm Bonus-Punkten an der Powerstage ze sammelen. Do waren awer nach aner Kandidaten, déi dat selwecht wollte maachen, sou zB. den Thierry Neuville, och op Hyundai. Hien hat sech freides mat sengem Auto iwwerschloen an hat sech och e Rad ewechgerappt an hat mussen opginn.

Virun der leschter Special um Sonndeg, der Powerstage, hat den Evans 26,2 Sekonne Virsprong op de Sordo. Op Plaz 3 de Sébastien Ogier op 1m28,8. Un där Reiefolleg sollt sech bis zum Enn och näischt méi änneren an den Duo Evans/Scott konnt sech iwwert d’Gesamtvictoire beim Rallye Portugal freeën.

Plaz 4 geet u Katsuta/Barritt (Toyoto), viru Greensmith/Patterson op Ford Fiesta WRC.

Op der Powerstage konnt sech den Ott Tanäk d’Beschtzäit an domat 5 Bonuspunkte sécheren, dat virum Thierry Neuville am dem Sébastien Ogier. Hannendru komme Rovanperä an Evans.Duerch déi Bonuspunkte behält den Ogier och d’Féierung an der Rallye-WM, dat knapps virum Teamkolleeg Evans, dee just 2 Punkte Réckstand huet.

WM-Klassement no 4 Courssen

An der Hiersteller-WM baut Toyota de Virsprong op Hyundai aus. M-Sport Ford ass op Plaz 3.

Back to Top
CIM LOGO