
D’Gesamtvictoire an der Kategorie Buggy 1600 goung nämlech un de Max Schanen. Dobäi war et mol guer net sou gutt fir hien ugaangen. Am Zäittraining war et just eng 9. Plaz.
Am 1. gewäerte Laf ass hie vun der 5. Plaz fortgefuer a konnt sech bis op Plaz 2 no vir kämpfen. Am 2. Laf ass him de Gaskabel gerass an e konnt sech nach mat Hallefgas als Drëtten iwwert d’Zillinn retten. Am 3. Laf war et dunn nees eng 2. Plaz, woumat hie sech fir d’Semi-Finale qualifizéiert hat, déi hien och fir sech entscheede konnt.
An der Finale war du kee Kraut géint de Max Schanen gewuess. Nodeems hien de Start gewonnen hat, huet hie kee méi laanscht gelooss an et war d’Victoire fir de jonke Lëtzebuerger.
De Kevin Peters huet och vun der Course zu Maggiora profitéiert, fir wichteg Erfarunge mam Buggy ze sammelen, dëst en Vue vun der Autocross-EM 2021. Säi Weekend war och gutt verlaf... dëst bis an der Halleffinall. Do huet hie sech a Féierung leiend e Platten agefaangen an en huet wichteg Plaze verluer. E koum nach als 4ten iwwert den Zilstréch. Domat war eng gutt Startplaz fir d’Finall natierlech net méi méiglech. Hien huet mussen aus der 3. Rei vu Plaz 7 starten. E konnt zwar nach 2 Plaze guttmaachen, ma méi wéi Plaz 5 war vun do aus net méi dran.
Fir de Bob Schanen war et leider kee sou e gudde Weekend. Nom fräien Training huet de Motor vum Buggy 1600 de Geescht opginn an et blouf keng Zäit méi deen nach ze wiesselen. Hien huet dunn de Recht vum Weekend dem Max Schanen als Mecanicien ënnert d’Äerm gegraff.
