Ayrton SennaViru 25 Joer ass de Formel-1-Fuerer zu Imola ëm d'Liewe komm

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch ginn et 25 Joer, datt mam Ayrton Senna ee vun de beschte Formel-1-Pilote vun allen Zäite vun eis gaangen ass.
© JEAN-LOUP GAUTREAU / AFP

Viru 25 Joer war ee vun den dramatesche Weekenter an der Formel-1-Geschicht. Nom Éisträicher Roland Ratzenberger am Qualifying, huet an der Course den 3-fache Weltmeeschter Ayrton Senna beim Grousse Präis vu San Marino zu Imola säi Liewe gelooss. An der Tamburello-Kéier war de 34 Joer ale Brasilianer mat ronn 300 Kilometer an der Stonn an d’Mauer geknuppt.

25 Joer Ayrton Senna - Reportage Frank Hippert

Et war an der 7. Ronn, wéi de Williams vum Ayrton Senna an der Tamburello-Kéier mat 300 Kilometer an der Stonn an d’Mauer gerannt ass.

De Brasilianer ass den 21. Mäerz 1960 zu Sao Paulo gebuer. Mat 13 Joer ass hien seng éischt offiziell Kart-Course gefuer.

Et war jo Jorelaang déi grouss Rivalitéit Senna-Prost. Den Alain Prost, dee bei der Course Expert op der franséischer Tëlee war, huet kee gutt Hoer un de Responsabele vun der Formel 1 gelooss.

Um Mëttwoch ginn et also 25 Joer, datt mam Ayrton Senna ee vun de beschte Formel 1-Pilote vun allen Zäiten, et ginn der och déi soen, dee Beschten, eis fir ëmmer verlooss huet.

Back to Top
CIM LOGO