
Nodeems den Hamilton 2008 schonn den “Order of the British Empire” fir seng aussergewéinlech Leeschtungen an der Sportswelt krut, gouf e Mëttwoch eng Schëpp dropgeluecht. De Rekord-Champion mat senge 7 WM-Titele gouf vun der Kinnigin Elizabeth II zum Ritter geschloen an dierf an Zukunft mat “Sir Lewis” ugeschwat ginn.
2020 war en erfollegräicht Joer fir de 35 Joer ale Formel-1-Pilot. Dës Joer huet hien de Rekord vum Michael Schumacher mat 95 Victoirë gebrach.