
Déi iwwer 20 Courssen, déi op de fënnef Kontinenter gefuer ginn, kann een och dës Saison nees op RTL, dem Exklusive Broadcast-Partner zu Lëtzebuerg, kucken.
An der selwechter Stad, wéi d’Saison 2023 op en Enn goung, start d’MotoGP dann och an déi nei Saison, dat awer mat engem komplett neien a renovéiertem Circuit. Eng weider Neierung ass de Sprit, deen d’Motorrieder tanken. Dëse besteet zu 40 Prozent aus net fossille Brennstoffer, dat fir d’Bikes an alle Klasse vum MotoGP-Zirkus.
De Grousse Präis vum Qatar kann een e Sonndeg vu 14.45 Auer un op RTL Play a bei de Kolleege vun RTL Today kucken. Dat mat der Moto3 (15h00) der Moto2 (16h15) an der MotoGP (18h00).