Moto GPWeltmeeschter Marc Marquez kuerz no 2. OP nees um Dill?

RTL Lëtzebuerg
Ee Start den nächste Sonndeg beim Grousse Präis vun der Tschechescher Republik steet am Raum.
© AFP

De Moto-GP-Weltmeeschter Marc Marquez gouf op en Neits operéiert an ee Start de nächste Sonndeg beim Grousse Präis vun der Tschechescher Republik steet a Fro.

De Spuenier war den 19. Juli zu Jerez gefall an hat sech de rietsen Aarm gebrach a krut doropshin eng Plack aus Titan agesat. Déi gouf awer beschiedegt, well hie schonns 4 Deeg no der OP nees um Moto souz - dës Plack huet elo missten erneiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO