Formel 1Wou wäerten 2024 déi sechs Sprint-Weekender sinn?

RTL Lëtzebuerg
An der Formel 1 ginn et d'nächst Saison jo nees 6 Sprint-Weekender. Elo ass dann och gewosst, wou.
© SID/Mark Thompson

2024 sinn déi zu Shanghai, Miami, Spielberg, Austin, Sao Paulo an am Katar. Déi nächst Saison fänkt Enn Februar am Bahrain un an hält no 24 Grand-Prix’en de 6. Dezember zu Abu Dhabi op.

Och déi nächst dräi Saisone kënnt Dir d’Kinneksklass aus dem Automobilsport nees live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee a bei eis um Site op RTL.lu an um RTL Play suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO