
Mat um Depart war och de Lëtzebuerger Chris Leesch als ee vun de Pilote fir RAC41-Chomeburner. Ma fir si war no 166 Ronne wéinst enger technescher Pann Schluss a si hu sech als 48. vun 52. klasséiert.
Gewonne gouf d’Course vum Belsch Xavier Simeon an de Fransouse Gregg Black a Sylvain Guintoli fir d’Ekipp Yoshimura Sert Motul. Zesumme hu si an de 24 Stonne konnten 840 Ronne fueren. Domadder hate si eng Avance vu bal enger Ronn op d’Ekipp YART - Yamaha Official Team EWC, fir déi den Italiener Niccolo Canepa, den däitschen Marvin Fritz an den Tschech Karel Hanika gefuer sinn. Drëtt um Podium, mat engem Retard vu 14 Ronnen, war et F.C.C. TSR Honda France mam Australier Josh Hook, dem Britt Gino Rea an dem Fransous Mike Di Meglio.