
Et ware just 2 Lëtzebuerger Equipagen un den Depart gaange beim dësem Rallye. Dëst waren de Yann Munhowen an de Steve Lanners um Mitsubishi Evo8, grad ewéi de Steve Zimmer an d’Michèle Brachtenbach um Porsche 997 GT3.

De Parcours bei dësem Rallye war extrem usprochsvoll an net ze vergläiche mat Rallyen déi zu Lëtzebuerg, an Däitschland oder an der Belsch gefuer ginn. Vill Passage waren extrem enk, mat ville Koppen an nach vill méi Kéieren. Et huet geheescht mat engem gutt ofgestëmmten Auto hei op Zäitejuegd ze goen.
Et huet ee séier gemierkt, dass d’Lokalmatadoren hei massiv am Virdeel waren. Pilote mat um Pabeier méi schwaachen a klengen Autoen, konnte ganz vir am General mat eng Roll spillen, dëst duerch Streckekenntnis, e gutt ofgestëmmte Fuerwierkssetup, an net ze vergiessen enger zolitter Portioun fuererechem Talent!
Un der Spëtzt waren et awer déi 2 franséisch Pilote mat de stäerksten Autoen, déi d’Victoire ënnert sech ausgemaach hunn. Den David Deloy (Ford Fiesta R5) an den Antonin Mougin (Citroën DS3 R5) hu sech e spannende Kampf geliwwert. Eréischt op der allerleschter Special konnt den David Deloy sech nach virun den Antonin Mougin setzen an de Rallye mat 6,5 Sekonne Virsprong gewannen. Plaz 3 geet un de Pierre-Emile Duchene op engem Renault Clio RS.
Beschte Lëtzebuerger Equipage gëtt den Duo Steve Zimmer/Michèle Brachtenbach um Porsche 997 GT3. De Steve hat de ganze Weekend iwwer nom perfekte Setup vum Porsche gesicht, deen op de schmuelen an enke Stroossen net wierklech säi Potenzial konnt op den Asphalt bréngen. Et war eréischt den 2. Rallye, deen de Steve Zimmer mat dësem nei opgebauten Auto gefuer ass, vun dohier ass et virun allem drëm gaangen, Erfarungen ze sammelen a verschidde Setupen auszeprobéieren.

Et goufen tëschenduerch och puer kleng technesch Problemer, déi awer net evitéiere sollten, dass um Enn eng 10. Plaz am General erausgesprongen ass. Si gewanne mat deem Resultat och hir Klass a ginn an der Euro Rallye Trophée och déi Éischt.
Ganz gutt ënnerwee waren déi aktuell Lëtzebuerger Rallye-Champione Yann Munhowen a Steve Lanners um Mitsubishi Evo8. Si loungen no 5 Specialen op der exzellenter 5. Plaz am General, nëmme 5,6 Sekonnen hannert Plaz 4.

Leider koum et op der 6. Special dunn awer zu engem Accident. An enger Rietskéier ass den Evo8 hannen ausgebrach a si kruten eng Bott an eng niddreg Mauer ze paken. Beim deem Accident gouf de Co-Pilot Steve Lanners dann och blesséiert a koum mat der Ambulanz an d’Spidol, wou eng Réckeblessur festgestallt gouf. Nom Rapatriement op Lëtzebuerg gouf decidéiert, dass hien net misst operéiert ginn. Fir hien heescht et elo sech ze erhuelen an nees fit ze ginn, wouduerch en Depart um Heemrallye um Rallye Lëtzebuerg net méiglech ass.
Vun dëser Plaz eng gutt Besserung gewënscht.