Ma wéinst engem Accident gouf d’Course laang Zäit ënnerbrach an déi verongléckte Fuererin koum an d’Spidol.
Bei enger vun de Nowuesscourssen huet an enger géier Descente eng Motocross-Fuererin eng Buedemwell iwwersinn an huet sech iwwerschloen. Doropshin gouf d’Course laang Zäit ënnerbrach an de Rettungshelikopter vun der Air Rescue huet misste geruff ginn. Dësen hat et awer net esou einfach, fir ze landen, wéinst deem géien Terrain. Den Organisateuren no hätt d’Fuererin d’Schëller gebrach oder ausgerenkt.
D’Motocross-Fuererin koum mam Rettungshelikopter an d’Spidol. D’Extremsportaart ass geféierlech an eben näischt fir schwaach Nerven. Hei zu Lëtzebuerg ginn et aktuell eng 130 Piloten. D’Motocross-Motorieder musse fir deen hiwwelegen Terrain besonnesch ausgerëscht sinn a virun allem eng staark Fiederung a Pneue mat engem spezielle Profil hunn. Dës Motorrieder sinn an der Reegel net op der Strooss, ma just fir Kompetitiounen zougelooss.
Motocross verlaangt de Piloten alles of. Virun allem sinn Ausdauer a Konditioun gefrot. Aktuell probéieren déi Responsabel, nach méi Jonker fir de Motocross hei am Land ze begeeschteren. Wéi et heescht, misst een dowéinst virun allem mol d’Elteren iwwerzeegen. Fir ebe Jonker unzezéien, gi beispillsweis Schnupper-Traininger mat klenge Motorrieder zu Koplescht organiséiert.
Nieft de Motorrieder musse besonnesch d’Pilote vill astiechen. Bis zu 40 Leit kënne géinteneen untrieden.
Prestige MX 1 (-450cc)
Prestige MX2 (-250cc)
CUP MX1 (-450cc)
CUP MX2 (- 250cc)
Débutants
85cc (jeunes)
65cc (jeunes)
50cc (jeunes)
Loisir
Experts (pilotes « loisirs » avec expérience de compétition)