
Am beschten aus der Affär gezunn huet sech den Daniel Donkels um Ligier-Honda JS49. Hie kënnt an der Additioun vu sengen 3 Zäiten op Plaz 8 am General. Seng Zäit an der 3. Montée ass dann och duergaange fir déi séierst Zäit ënnert all de Lëtzebuerger Piloten ze realiséieren, dat an 1min05,799.
Op Plaz 2 kënnt de Canio Marchione mam BMW 320 STW, deem seng 2. Montée déi séierst war vu sengen 3. Hie fiert an 1min06,545 de Bierg erop.
3. Lëtzebuerger gëtt de Charel Valentiny um Subaru Impreza WRX STI. Seng séierst Zäit war eng 1min07,250.
Klassement vun der Biergcourse WolsfeldAn der däitscher Biergcourse-Meeschterschaft gëtt d’Additioun vun den 3 gefuerenen Zäiten als Resultat fir d’Generalklassement geholl. An der Lëtzebuerger Meeschterschaft gëllt awer just déi séierst-gefueren Zäit. Vun dohier stëmmt de General vun der Course net mam General fir d’Lëtzebuerger Meeschterschaft iwwerteneen.
Resultat just vun de Lëtzebuerger (ouni Garantie)
Punkte vum Championnat fënnt een an den nächsten Deeg op www.aclsport.lu.
Déi nächst Course vum Championnat ass schonn den nächste Weekend, 15. a 16. Juni beim Internationalen ADAC Glasbachrennen, nees an Däitschland.