
Méi genee war dat zu Nova Paka (CZ), dëst am Kader vum tschechesche Championnat, wou ee scho quasi vun Europameeschterschaftsniveau schwätze kann.
Den aktuellen Europameeschter ass direkt gutt eens ginn a konnt souwuel den Zäittraining, grad ewéi seng 3 Qualifikatiounsleef gewannen. Fir d’Pole Position an der Finall sollt et awer net duergoen, well de Jakup Novotny hat och all seng Qualifikatiounsleef gewonnen a war dobäi nach eng méi séier Zäit wéi de Kevin Peters gefuer.
An der Finall ass den Novotny d’Course dann och vu vir gefuer a konnt sech d’Victoire sécheren. De Kevin Peters hat sech Plaz 2 geséchert, obwuel en am leschten Tour nach e Platten hat.
De Lëtzebuerger war trotzdeem ganz zefridden a konnt och gutt Astellungen u sengem Buggy fannen, vun deenen en beim Optakt vun der EM de Weekend vum 13./14. Mee zu Seelow wäert kënne profitéieren.
Provisoresche Kalenner fir d’EM-Leef 2023
13. / 14.05. Seelow / DEU
03. / 04.06. Bauska / LVA
10. / 11.06. Vilkyciai / LTU
24. / 25.06. Cunewalde / DEU
01. / 02.07. Nová Paka / CZE
22. / 23.07. St. Georges / FRA
26. / 27.08. Prerov / CZE
16. / 17.09. St. Igny / FRA
23. / 24.09. Maggiora / ITA
07. / 08.10. Mollerussa / ESP