Wiebes gewënnt Etapp a Klassement, Schreiber a Majerus an den Top10

© RTL / Val Wagner (Archiv)
Op der leschter Etapp bei der 4-Dages-Course an der Belsch hat d'Hollännerin Wiebes nees déi séierst Been. D'Marie Schreiber gouf bescht Nowuessfuererin.
Op der leschter Etapp vum Baloise Ladies Tour goung et iwwer 117 Kilometer vun Deinze op Deinze. Hei huet sech d'Lorena Wiebes am Sprint géint d'Lotta Henttala (Finnland) an d'Charlotte Kool (Holland) duerchgesat. D'Marie Schreiber koum an der selwechter Zäit als 40. an d'Zil an d'Christine Majerus gouf 47.
Am Generalklassement huet d'Lorena Wiebes duerch hir dräi Victoiren an de leschten zwee Deeg de Maillot vun der Leaderin souverän verdeedegt a gewënnt dësen Tour mat 51 Sekonne Virsprong op d'Pfeiffer Georgi aus Groussbritannien. Drëtt am Klassement gouf d'Thalita De Jong aus Holland mat engem Retard vu 54 Sekonnen. D'Christine Majerus schléisst dësen Tour op der gudder 7. Plaz of, eng Plaz virum Marie Schreiber.
D'Marie Schreiber konnt sech op der leschter Etapp nach virun d'Febe Jooris am General drécken a kroopt sech domat de Maillot vun der beschter Nowuessfuererin. Si hat 2 Sekonne Virsprong op hir Kontrahentin aus der Belsch.
Klassement vun der Etapp
1 WIEBES Lorena 2:44:26
2 HENTTALA Lotta ,,
3 KOOL Charlotte ,,
4 SANGUINETI Ilaria ,,
5 VAN DER WOLF Babette ,,
6 FIORIN Sara ,,
7 GONZÁLEZ Alicia ,,
8 DE JONG Thalita ,,
9 BEULING Femke ,,
10 PERKINS Flora ,,
...
40 SCHREIBER Marie ''
47 MAJERUS Christine ''
De General
1 WIEBES Lorena 10:17:10
2 GEORGI Pfeiffer 0:51
3 DE JONG Thalita 0:54
4 BOOGAARD Maaike 0:56
5 BIEBER Helena 0:58
6 KOOL Charlotte 1:03
7 MAJERUS Christine 1:06
8 SCHREIBER Marie 1:07
9 JOORIS Febe 1:09
10 PIKULIK Daria 1:10