Weider Victoire fir Wiebes, Majerus a Schreiber an den Top15

D'Christine Majerus um Zäitfuervëlo / © Arne Mill / T.RF Sportmarketing (Archiv)
E Samschdeg stounge bei der Baloise Ladies Tour zwou Etappen um Programm.
Déi éischt Etapp e Samschdeg hat d'Lorena Wiebes am Massesprint gewonnen, owes huet si dunn och nach d'Zäitfueren iwwer 11 Kilometer zu Zwevegem fir sech entscheet.
D'Hollännerin hat eng Avance vu 15 Sekonnen op d'Belsch Marion Norbert Riberolle a vu 17 Sekonnen op hir Landsfra Thalita de Jong. Staark Leeschtungen hunn d'Christine Majerus an d'Marie Schreiber gewisen. D'Championne am Zäitfueren ass déi 8. op 26 Sekonne ginn an d'Marie Schreiber hat als 11. e Réckstand vun 31 Sekonnen.
Am General huet d'Lorena Wiebes virun der leschter Etapp eng Avance vu 44 Sekonnen op d'Pfeiffer Georgi aus Groussbritannien. D'Thalita de Jong ass déi Drëtt op 45 Sekonnen. D'Christine Majerus läicht op der 7. Plaz op 58 Sekonnen an d'Marie Schreiber ass déi 9. op 59 Sekonnen.
D'Klassement vun der Etapp
1 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 0:14:53
2 NORBERT RIBEROLLE Marion Fenix-Deceuninck 0:15
3 DE JONG Thalita Lotto Dstny Ladies 0:17
4 BOOGAARD Maaike AG Insurance - Soudal NXTG 0:18
5 MOORS Fleur Lidl - Trek ,,
6 BIEBER Helena Maxx-Solar Rose Women Racing ,,
7 GEORGI Pfeiffer Team dsm-firmenich PostNL 0:23
8 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 0:26
9 ROLDAN Mara Cynisca Cycling 0:28
10 BÄCKSTEDT Elynor Lidl - Trek 0:29
11 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime 0:31
De General
1 WIEBES Lorena Team SD Worx - Protime 7:32:54
2 GEORGI Pfeiffer Team dsm-firmenich PostNL 0:44
3 DE JONG Thalita Lotto Dstny Ladies 0:45
4 BOOGAARD Maaike AG Insurance - Soudal NXTG 0:46
5 BIEBER Helena Maxx-Solar Rose Women Racing 0:48
6 KOOL Charlotte Team dsm-firmenich PostNL 0:57
7 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 0:58
8 JOORIS Febe AG Insurance - Soudal NXTG 0:59
9 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime ,,
10 PIKULIK Daria Human Powered Health 1:00